GRATIS ËFFENTLECHEN TRANSPORT... ENG DP-IDDI GEET HIRE WEE

Lëtzebuerg féiert als 1. Land op der Welt de gratis ëffentlechen Transport an. Ab dem 1. Mäerz 2020 ass d’Fuere mam Zuch, Bus an Tram a ganz Lëtzebuerg gratis.

D’Iddi vum Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport staamt aus dem DP-Walprogramm 2018. Mir hunn derfir gesuergt, datt dës Iddi am Regierungsaccord festgehalen an elo ëmgesat gëtt.

D’Virdeeler vum gratis ëffentlechen Transport leien op der Hand. D’Fuere mam Zuch, Bus an Tram gëtt duerch d’Gratuitéit nach méi attraktiv a wäert eis hëllefe fir méi Leit op den ëffentlechem Transport ze kréien an esou d’Klima ze schounen.

440 Euro: dat ass de Präis vun engem Joresabo an der 2. Klass. Dës Suen hunn d’Notzer vum ëffentlechen Transport an Zukunft méi an der Täsch – an dat pro Joer!

Elo schonn ass den ëffentlechen Transport gréisstendeels vum Staat subventionéiert. 2018 huet dat knapp 900 Milliounen Euro kascht. De Verkaf vu Billjeeën an Abonnementer deckt just e klengen Deel vun de Käschten, nämlech ronn 40 Milliounen Euro. 

D’DP ass sech natierlech bewosst, datt de gratis ëffentlechen Transport keen Allheelmëttel fir all d’Aspekter vun der Mobilitéit duerstellt. Den Ament falen ëmmer nach ze vill Zich a Busser aus, hu Verspéidung oder sinn zu Spëtzenzäiten iwwerfëllt. Virun allem an de ländleche Regiounen ass den ëffentlechen Transport nach keng gläichwäerteg Alternativ zum Auto.

Investitiounen an d’Mobilitéit däitlech erhéijen

Trotz Rekordinvestitiounen an d’Verkéiersinfrastrukture wärend de leschte 5 Joer, huet Lëtzebuerg nach ëmmer e chroneschen Nohuelbedarf u Verkeiersinfrastrukturen. Well d’Mobilitéitsplanung allerdéngs mat der Entwécklung vum Land Schrëtt hale muss, wäert d’DP d’Investitiounen an d’Mobilitéit däitlech erhéijen.

Dobäi gi mir bei der Verbesserung vun der Mobilitéit net ideologesch vir a verdäiwelen den Auto net. Fir d’DP soll am Endeffekt de Bierger selwer entscheeden, op wat fir e Verkéiersmëttel hien zréckgräife wëll. Den ëffentlechen Transport soll an deem Mooss gestäerkt ginn, datt e gréisstendeels eng gläichwäerteg oder esouguer besser a klimafrëndlech Alternativ zum Individualtransport bitt. D’Autofuerer wäerten an deem Sënn profitéieren, datt eng méi staark Notzung vun Zuch, Bus an Tram zu enger spierbarer Entlaaschtung vun den Haaptverkéiersachse bäidroe wäert.

D’DP huet sech am Walkampf derfir agesat, datt op den Haaptverkéiersachsen zousätzlech Expresslinnen fueren, déi nëmmen op e puer zentrale Bushaltestelle stoebleiwen. Regional a kommunal Buslinne sollen d’Verbindung tëschent mat méi klengen Uertschaften an dësen Expresslinnen garantéieren. Duerch dës Reorganisatioun vun de Buslinnen erhoffe mir eis eng däitlech Verbesserung vum ëffentlechen Transport. D.h. datt d’Leit méi séier vun A op B kommen!

D’DP wëll d’Horairen am ëffentlechen Transport iwwerschaffen, fir d’Bus- an d’Zuchverbindunge besser openeen ofzestëmmen. Besonnesch déi regional Linnen, déi d’Garen ufueren, musse verbessert ginn.

D’DP setzt sech derfir an, datt déi geplangten Tramslinnen (Esch, Leideleng, Stroossen a Mamer) méi séier realiséiert ginn an datt zousätzlech Verbindungen am Schinnennetz gepréift ginn. Beim Ausbau vum Tram- a Schinnennetz wäert d’DP déi nei Strecken däitlech méi séier ëmsetzen an och méi finanziell Mëttelen zur Verfügung stellen, fir datt d’Bierger net eréischt an 10 Joer vun dësen zousätzleche Verbindunge profitéiere kënnen.

D’DP wäert d’Groussregioun an d’Mobilitéitsplanung matabezéien. Et geet net duer, fir P&Ren ze bauen, ma et mussen der och an der Grenzregioun geplangt ginn. Dofir mussen d’Tariffer vum ëffentlechen Transport an der Grenzregioun deenen zu Lëtzebuerg méi no kommen. D’DP wëll en MPass fir d’Groussregioun ubidden. Donieft setze mir eis fir besser’Zuchverbindungen an d’Ausland an (z.B. op Bréissel).

Mir verlaangen eng Materialoffensive am Schinneverkéier. Et ass net méi der Zäit ugepasst, datt besonnesch op de Linne Richtung Norden, ëmmer nach Zich agesat ginn, déi quasi net accessibel fir Rollstill, Poussetten a Vëloe sinn. D’Regierung wäert flächendeckend modern an accessibel Zich mat Wifi asetzen.

Mir wäerten den Télétravail massiv fërderen an duerch d’Kreatioun vu Co-Working-Spaces dezentral Aarbechtsplaze schafen. De Staat soll an dëse Beräicher Virreider sinn.  Dofir huet de Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen d’Zil ausgeruff den Télétravail am ëffentlechen Déngscht massiv ze fërderen. Éischt Pilotprojeten sinn um lafen.

Mir setzen eis och derfir an, datt de Staat senge Verwaltungen dezentral Co-working Spaces zur Verfügung stellt. D’Familljeministesch Corinne Cahen geet mam gudde Beispill vir an huet dat fir d’Zukunftskeess schonn ëmgesat. Eist Zil ass et d’Schaffen an d’Wunne méi no beienee brénge fir sou d’Liewensqualitéit vun de betraffene Leit ze stäerken.

Nei innovativ Verkéiersmëttel studéieren

Eng gutt an effizient Organisatioun vun der Mobilitéit ass net nëmme wichteg fir eis Ekonomie, ma och fir d’Liewensqualitéit. Grad ewell d’Mobilitéit eng vun eise gréissten Erausfuerderungen ass, wäert d’DP sech neien, innovative Verkéiersmëttel net verschléissen.

D’Capacitéit vun de Stroossen duerch eng flexibel Notzung vun de Fuerbunnen a vun de Säitesträifen ausbauen

D’DP wëll intelligent Systemer asetzen, déi d’Unzuel u Fuerbunnen, jee no Verkéier, an déi eng Richtung erhéijen an an déi Aner reduzéiere kann. Esou kéinte mir eis virstellen, datt moies méi Fuerbunnen a Richtung Stad zur Verfügung stoe géifen an owes wier et ëmgekéiert. Mir wäerten och préiwen ob e mobille Leitplankesystem op eisen Autobunnen a Landstroosse machbar ass, fir och esou d’Capacitéit an de Stousszäiten ze erhéijen. D’DP wäert och d’Méiglechkeet préiwen d’Säitesträifen op den Autobunne wärend den Haaptberuffszäiten als zousätzlech Spuer ze notzen. Esou kéint d’Standspur bei staarkem Trafic als zousätzlech Fuerbunn erkläert ginn. Dëse Prinzip fonctionéiert schonn an Holland an a Bayern.

Intelligent, digitaliséiert Verkéiersleetsystemer aféieren

D’DP wëll intelligent Verkéiersinformatiouns- a Verkéierleetsystemer op den Autobunnen an op vill befuere Stroossen asetzen. Dës Technik wäert d’Stroossecapacitéit duerch eng intelligent Systemtechnik a Verkéiersmanagement erhéijen. An Echtzäit kënnen esou Daten iwwert d’Auslaaschtung vun de Stroossen gesammelt an a Verbindung mat den Date vun den Automobilisten an engem intelligente Verkéiersmanagment zesummelafen. Donieft wäerte mir d’Rout Luuchten intelligent steieren an och de Prinzip vun der grénger Well esouwäit wéi méiglech ausbauen.

Fir d’Qualitéit vun eisem Stroossennetz ze verbesseren mussen geplangte Contournementer konsequent ëmgesat ginn. D’DP wäert Projete vu Contournementer, déi zesummenhänken (wéi z.B. Nidderkäerjeng an Dippech oder Ettelbréck a Feelen) séier ëmsetzen, fir datt eng Uertschaft net wéinst der Verkéiersberouegung an där anerer Uertschaft Uertschaft leide muss.

Ob mam Vëlo, mat der Trottinette oder zu Fouss, d’Mobilité douce ass net nëmmen ëmweltschounend, mä entlaascht och de Stroosseverkéier. Dofir wäerte mir dës Mobilitéit konsequent fërderen andeems mer méi a Foussgänger- an a Vëlosweeër investéieren, fir dës Zort vu Fortbeweegung méi attraktiv ze maache géintiwwer vun Auto a Bus.

D’Regierung wäert e „séiere“ Vëloswee vun der Stad bis op Esch bauen. Esou e Wee géif eng sécher, séier a méiglechst flaach Verbindung fir Vëlos- a Pedelecfuerer virgesinn. Och aner Strecke kéinte fir esou Weeër a Fro kommen. Mir wäerten dat an dëser Legislaturperiod gestëmmte Gesetz iwwert den nationale Vëlosreseau konsequent ëmsetzen an och fir e séieren Ausbau vum Vëlosreseau a vu Vëlosparkinge suergen. Déi néideg finanziell Mëttel wäerten dofir deblockéiert ginn.