FAQ

Ganz am Géigendeel! De gratis ëffentlechen Transport hëlleft eis, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttel zu enger propperer a klimafrëndlecher Alternativ zum Individualverkéier ze maachen.

De gratis ëffentlechen Transport ass awer och eng sozial Mesure. 440 Euro: dat ass de Präis vun engem Joresabonnement an der 2. Klass. Déi Suen hunn d’Cliente vum ëffentlechen Transport an Zukunft méi an der Täsch – an dat d‘Joer!

Eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger ass iwwregens eiser Meenung. Am RTL/Wort-Politmonitor 2019 ass de gratis ëffentlechen Transport nämlech als beléiftste Mesure fir eng Verbesserung vum Trafic ausgewielt ginn. Zu Tallinn an Estland waren 2012 an engem Referendum 3/4ls vun de Leit fir d’Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport. Haut sinn 90% mat där Mesure zefridden.

A schliisslech dréit de Fakt, datt Lëtzebuerg als éischt Land op der Welt de gratis ëffentlechen Transport aféiert, zu engem positive „Nation branding“ als modernt a liewenswäert Land bäi.

440 Euro: dat ass de Präis vun engem Joresabonnement an der 2. Klass. Déi 440 Euro hunn d’Cliente vum ëffentlechen Transport an Zukunft méi an der Täsch – d‘Joer! Mir sinn iwwerzeegt, datt dat dozou bäidréit, datt méi Leit op de Bus, den Zuch an den Tram wiesselen.

Zu Tallinn an Estland sinn d’Passagéierzuelen ee Joer no der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport ëm 14% geklommen.

D’Gratuitéit eleng geet natierlech net duer fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv wéi den Auto ze maachen. Dofir wäerte mir an den nächste Jore  massiv an d’Infrastrukturen investéieren an op innovativ Léisunge fir eng besser Mobilitéit setzen.

Den ëffentlechen Transport gëtt gréisstendeels vum Staat finanzéiert. 2018 waren dat knapp 900 Milliounen Euro. D‘Billjeeën an d‘Abonnementer maache just e klengen Deel vun de Käschten aus, nämlech ronn 40 Milliounen Euro. 

Nee, d’Finanzéierung vum gratis ëffentlechen Transport huet näischt mat der geplangter Erhéijung vun den Accisen a vun der CO2-Steier ze dinn. D’Recettë vun der CO2-Steier ginn zu enger Hallschent direkt zeréck un d’Leit a Form vun enger sozialer Kompensatioun an zur anerer Hallschent a Form vun Investitiounen a Klimaschutzmesuren (z.B. Subside fir energetesch Sanéierungen).

D’DP ass sech bewosst, datt de gratis ëffentlechen Transport kee Wonnermëttel fir d‘Mobilitéit ass. Den Ament falen nach ze vill Zich a Busser aus, hu Verspéidung oder sinn zu Spëtzenzäiten iwwerfëllt. Virun allem uechter d‘Land ass den ëffentlechen Transport keng gläichwäerteg Alternativ zum Auto.

Trotz Rekordinvestitiounen an de leschte 5 Joer, huet Lëtzebuerg nach ëmmer e groussen Nohuelbedarf bei de Verkeiersinfrastrukturen. Well d’Entwécklung vun der Mobilitéit muss mat der Entwécklung vum Land Schrëtt halen, wäert d’DP d’Investitiounen an d’Mobilitéit däitlech erhéijen.

Dobäi di mir awer keng ideologesch Scheiklappen un a verdäiwelen den Auto net. Fir d’DP sollen d’Leit selwer entscheeden, wat fir e Verkéiersmëttel si huelen. Den ëffentlechen Transport soll esou gestäerkt ginn, datt e méiglechst eng besser a méi  klimafrëndlech Alternativ zum Individualtransport ass. D’Autofuerer wäerten an deem Sënn profitéieren, datt méi ëffentlechen Transport zu enger spierbarer Entlaaschtung vun de grousse Stroossenachse bäidréit.

Et ass eng Tatsaach, datt den ëffentlechen Transport haut schonn dacks iwwerlaascht ass. Dowéinst hu mir eis dofir agesat, datt d’Regierung eng Materialoffensiv start, fir d’Capacitéite vum Bus a vum Zuch eropzesetzen. Bis 2023 ginn all déi vereelzten Zich duerch nei Waggone mat méi  Plaz a méi Komfort ersat.

Obwuel zu Tallinn an Estland no engem Joer 14% méi Leit de gratis ëffentlechen Transport geholl hunn, sinn 90% vun den Awunner zefridde mam Service.

Dës Ausso hale mir fir grondfalsch. Et gëtt eng Hellewull un gratis Offeren a Servicer zu Lëtzebuerg, ouni, datt et dowéinst zu gréissere Problemer géing kommen. E gutt Beispill dofir ass de Schülertransport.

Zu Tallinn an Estland gouf et no der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport net méi Vandalismus oder net méi Aggressioune  wéi vidrunn. Ganz am Géigendeel, d’Bussen zu Tallin gehéieren zu de proppersten a ganz Europa.

Fir d’Sécherheet am ëffentlechen Transport ze garantéieren, setze mir eis dofir an, datt méi Sécherheetspersonal agestallt gëtt.

Dach, dat ass och an Zukunft nach ëmmer méiglech. Och an engem gratis ëffentlechen Transport ouni Tickete muss een sech nach ëmmer ausweise kënnen. An eng Persoun, déi den Zuch aus anere Grënn hëlt, wéi sech vun A op B ze beweegen, kann nach ëmmer aus dem Zuch verwise ginn, esou wéi dat och haut de Fall ass.

Nee, et verléiert kee seng Aarbecht. D’Kontrollere wäerten och an Zukunft an den Zich present si fir d’Leit ze beroden an ze informéieren. Doduerch verbessert sech den Zerwiss fir d’Leit am ëffentlechen Transport.

International Billjeeë kann een online oder an de Garen an der Stad an zu Esch/Belval kafen. An deene Garen, wou kee Guichet méi ass, sinn CFL-Beamte virgesinn, déi d‘Cliente beroden an informéieren.

D’mKaart kann ee weider  fir d’Servicer vun der mBox a vum Carsharing Flex benotzen. Och d’P&Re bleiwe mat der mKaart accessibel.